Video-Iwwerwaachungssystemer
fir Gemengen

01

Hosting zu Lëtzebuerg

02

RGPD- / CNPD-konform

03

Hardware-Monitoring

04

Een eenzegen Uspriechpartner

Video-Iwwerwaachung op Moos

Mir bidden Iech e komplette Service ronderëm Är Video-Iwwerwaachung – vun der éischter Beroodung, iwwert d’Installatioun vun der Hardware bis hin zur Maintenance vun Ärem Iwwerwaachungssystem am Alldag. 

Eis Servicer am Iwwerbléck :

Berodung

Mir beroden Iech net nëmmen iwwert d'Technik an de Positionnement vun den Kameraen, mee och op gesetztlechem Niveau (RGPD).

Installatioun

Vum Câblage iwwer d'Ophänken vun de Kameraen an Serveren bis zur Softwareinstallatioun, mir këmmeren eis ëm alles.

Maintenance

Professionel Maintenance vun Hard- a Software. Mir halen Ären Iwwerwaachungsystem ëmmer an engem optimalen Zoustand.

Wat eis Solutioun ausmécht

Är Donnéeën verloossen ni d’Land. D’Infrastruktur, d’Serveren an d’technesch Equipe – alles ass zu Lëtzebuerg an zu 100 % gesetzeskonform.

Hosting Made in Luxembourg

Maximal Sécherheet

D’Videoopnamen ginn sécher a gesetzkonform op eisen Serveren zu Lëtzebuerg gespäichert an just esou laang conservéiert ewéi vun der CNPD erlaabt.

Integratioun vun bestoenden Kameraen

Flexibilitéit

Fir onnéideg Käschten z’evitéieren an d’Ressourcen optimal ze notzen, kënnen bestoend Kameraen an Verkabelung einfach an eisen System mat integréiert ginn.

KI fir eng intelligent Iwwerwaachung

Modern KI-Analytik

Dir gitt automatesch iwwer kritesch Ereegnesser ewéi z.B. Aggressiounen, Feierentwëcklung asw. informéiert, ouni datt d’Videomaterial permanent muss iwwerwaacht ginn. 

Wichteg Präzisioun

Mir kucken d'Hardware.
Net d'Biller.

easyguard ass keen Sécherheetsdéngscht. 

Är Biller ginn vun enger KI analyséiert, net vun engem Mënsch. 

Eis Iwwerwaachung beschränkt sech op den techneschen Zoustand vun den vun eis installéierten Geräter (Ass d’Kamera online ? Ass alles mam Stockage an der Reih ? Fonktionnéiert de Réseau ?)

Den Zougank op d’Biller ass reservéiert fir déi dozou zougelooss Mataarbechter vun Ärer Gemeng.  

Qualitéit & Effizienz

Mir setzen op qualitativ héichwärteg Kameraen an eng modern an sécher Video-Management-Software fir Iech ëmmer den beschten Service garantéieren ze kënnen. 

Wien si mir ?

Mir hunn eis Rees mat der Installatioun vu Wi-Fi-Netzwierker ugefaangen an 2012 den entscheedende Schrëtt an d’Entwécklung vun cityapps gewot.

Haut konzentréieren mir eis zousätzlech op innovativ Léisungen am Beräich vun der Video-Iwwerwaachung an der kënschtlecher Intelligenz. Mat eiser laangjäreger Erfarung an der Installatioun vun Wi-Fi-Netzwierker esouwéi an der Entwécklung vun digitalen Servicer hu mir eis iwwert d’Joeren déi néideg Kompetenzen ugeegent fir weider zukunftsorientéiert Léisungen z’entwéckelen. 

Eis Missioun ass et, de Gemengen – onofhängeg vun hirer Gréisst – modern an performant Technologien zur Verfügung ze stellen, déi Sécherheet, Effizienz an Innovatioun op eng nohalteg Aart a Weis fërderen.

Interesséiert ?

Bei Interessi komme mir gären lanscht, fir eng individuell Analys vun Ären Besoine ze maachen. 

Zéckt net eis ze kontaktéieren :

Retour en haut